Am zweeten Tour vum EHF-Cup am Handball kritt de Lëtzebuerger Champion et mat der Belscher Ekipp Achilles Bocholt ze dinn.

Den Handball Käerjeng ass am 2. Tour vum EHF-Cup géint Bocholt fir d'éischt de 7. Oktober um 18 Auer um Dribbel gefuerdert. De Retourmatch géint de belsche Champion ass dann den 13. Oktober um 20.15 Auer zu Bocholt.