Bei der Zéiung zu Wien am Haaptsëtz vun der EHF ass Lëtzebuerg an de Grupp A geloust ginn, dat zesumme mat Groussbritannien, Irland a Bulgarien.

D'Heemrecht ass op Bulgarien gefall. Gespillt gëtt an Turnéierform de Weekend vum 4. bis de 6. Januar oder 11. bis den 13. Januar.