En Dënschdeg den Owend konnten d'Damme vun Déifferdeng kloer mat 29:17 géint den HC Atert Réiden gewannen.

D'Gäscht vu Réiden si vun Ufank un hannendru gelaf an hu sech schwiereg gedoen, fir Lächer an d'Déifferdenger Defense ze rappen. Séier louchen d'Damme vun de Red Boys mat 4 Goler vir, dat beim Stand vu 6:2. Du konnt d'Ekipp vu Réiden awer e bëssen opdréinen a si koumen esouguer bis op ee Gol nees erun an och an der Paus louch een nëmme mat 2 Goler am Réckstand, dat beim Stand vun 11:9 fir d'Red Boys.

De Start vun der zweeter Hallschent hunn d'Réidener Dammen dunn awer komplett verschlof an d'Lokalekipp konnt duerch ee 6:0-Laf mat 17:9 dovulafen. Vun dësem Schock sollten d'Gäscht sech och net méi erhuelen, esou dass et um Enn eng dach kloer Victoire fir d'Red Boys Déifferdeng gouf, Schlussresultat 29:17.