Victoire fir de Museldall, Remis tëscht dem Chev an dem HBD

E Mëttwoch den Owend goufen am Dammenhandball déi zwou lescht Partië vum 4. Spilldag am Championnat gespillt.
Um 4. Spilldag am Dammen-Handball huet de Museldall mat 27:23 beim Standard gewonnen. Béid Ekippen hu sech eng enk Partie geliwwert. No 13 Minutte stoung et 7:7 ausgeglach. No 20 Minutte konnt de Museldall sech mat 2 Goler ofsetzen, ma de Standard huet dogéint gehalen, sou datt et no 30 Minutten 13:13 stoung. No der Paus ass et weiderhin enk bliwwen a keng Ekipp konnt sech däitlech ofsetzen. No 46 Minutte stoung et 20:20. An de leschte Minutten huet de Museldall dunn awer fir d'Decisioun gesuergt, war an den Ugrëff méi konsequent an huet um Enn mat 27:23 beim Standard gewonnen.
An der zweeter Partie vum Owend hunn de Cev Dikrech an den HB Diddeleng 1:1 gläichgespillt. An der Paus loung Dikrech virun den eegene Spectateure mat 17:13 a Féierung. Am Ufank vun der zweeter Partie huet et weider no enger Victoire vum Chev ausgesinn. No 45 Minutten hat een de Virsprong op 6 Goler ausgebaut an et stoung 24:18. Den HBD huet sech awer zréckgekämpft a konnt Gol fir Gol ophuelen, sou datt et um Enn een 28:28-Remis gouf. D'Fiona Carrara huet 7 Sekonne viru Schluss per 7-Meter fir Diddeleng ausgeglach.
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball