Bierchem iwwerrennt Schëffleng

En Donneschdeg den Owend ass Schëffleng am nationalen Handballchampionnat nawell uerdentlech ënner d'Rieder komm.
Den HC Bierchem wënnt um Enn nämlech ganz kloer mat 41:19 géint den HBC Schëffleng. Et waren och d'Gäscht vu Bierchem, déi vun Ufank u Vollgas ginn hunn. Séier konnte si nämlech ee 7:1-Laf realiséieren, wou ënnert anerem den Dany Scholten direkt fir 3 Goler suerge konnt. Schëffleng ass dunn e bësse besser an de Match komm a konnt op 5:9 verkierzen. Virun der Paus huet Bierchem awer nach eemol den Tempo ugezunn an esou si si mat enger 19:12-Féierung an d'Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent ass du bei den Haushären awer guer näischt méi gaangen. Bierchem huet zum Ufank ee 7:0-Laf higeluecht a louch also du mat 14 Punkte am Avantage. Schëffleng konnt sech vun dësem Schock net méi erhuelen a sollt um Enn komplett iwwerrannt ginn. D'Gäscht gewannen um Enn kloer mat 41:19 géint den HBC Schëffleng, déi an der zweeter Hallschent nëmme 7 Goler schéisse konnten, awer ganzer 22 eragelooss hunn.
LINK: Alleguerten d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck