Déi Escher sinn elo neien Tabelleleader. Manner Problemer hat Diddeleng, den HBD geet en Dënschdeg den Owend 34:21 op Péiteng wannen.

En Dënschdeg den Owend waren zwou Partië vum nationalen Handballchampionnat bei den Hären. Fir de Kont vum 6. Spilldag stounge sech um 20 Auer am Spëtzematch den HB Esch an den HB Käerjeng géigeniwwer. Um 20.30 Auer gouf dunn nach zu Péiteng de Match tëscht de Péitenger an dem HB Diddeleng gespillt.

HB Esch - HB Käerjeng 30:28

En Dënschdeg den Owend krut den HB Esch Besuch vum Champion Käerjeng. Den éischte Gol am Spëtzematch goung op de Kont vun den Haushären. De Mario Jelinic konnt no 3 Minutten a knapp 20 Sekonnen den 1:0 markéieren. Ma dono hunn déi Käerjenger awer liicht d'Kontroll iwwerholl. Defensiv stounge béid Ekippe gutt, ma d'Gäscht si besser ginn a louchen no 9 Minutte mat 5:1 am Avantage. Ma déi Escher hunn net lassgelooss an hunn den Ecart no an no méi kleng gemaach an du goung et mat 13:13 an d'Paus.

Duerno konnt sech awer keng Ekipp richteg ofsetzen an no 43 Minutte stoung et 20:20, wéi d'Haushären dunn awer op eemol eng decisiv Phas haten: 10 Minutten drop stoung et nämlech 28:24 fir déi Escher. Déi Käerjenger konnten den Ecart zwar nach verklengeren, ma net méi richteg erukommen. Um Enn wënnt Esch 30 op 28 géint Käerjeng.

Beim Handball Esch huet de Martin Muller no engem Joer Verletzungspaus säi Retour gefeiert.

AUDIO: Handball Esch-Kaerjeng: Reportage vum Serge Olmo

HB Péiteng - HB Diddeleng 21:34

D'Gäscht vun Diddeleng sinn als haushéije Favorit an dëse Match gaangen. Péiteng stoung virun dësem Match nämlech op der leschter Plaz am Championnat, dat mat 0 Punkten aus 4 Matcher.

Bis 3:3 war de Score op d'mannst ausgeglach, du sinn déi Diddelenger awer fortgezunn. 11:15 stoung et an der Paus an no 60 Minutte stoung et 21:34. Eng kloer Saach, d'Victoire vum HBD war ni a Gefor.