E Mëttwoch den Owend nach nach en Nodrosmatch vum 1. Spilldag an dee goung iwwerraschend däitlech aus.

Mat engem Ecart vun 8 Goler konnt sech Käerjeng doheem am Spëtzenduell géint de CHEV behaapten.

Dobäi war Dikrech am Ufank eemol 5:3 vir, du stoung et 7:7, 10:10, ma du sinn d'Käerjengerinne fortgezunn: 16:12, 19:13, 24:15 bis zum klore Resultat vun 32 op 24.

Käerjeng ass elo vir an der Tabell mat 12 Punkten, dann Diddeleng 11 an Dikrech 9. Dat ganzt no 6 Spilldeeg.