Bierchem wënnt och Retourmatch a steet an der nächster Ronn

© Serge Olmo
Mat enger 32:29-Victoire am Retourmatch qualifizéiert sech Bierchem fir d'1/8-Finall am Challenge Cup.
Nodeems Bierchem sech um Samschdeg mat 33:28 am éischte Match am Challenge Cup duerchsetze konnt, gouf um Sonndeg de Retourmatch vun der 1/16-Finall géint Holon aus Israel gespillt.
LINK: Bierchem wënnt verdéngt géint MK Holon aus Israel
Am Retourmatch war Bierchem net sou dominant wéi um Samschdeg an se konnten sech net sou e grousse Virsprong erausspillen. Am éischten Duerchgang konnt d'Ekipp aus dem Israel souguer eng kéier a Féierung goen mee déi Bierchemer sinn awer trotz allem mat engem 16:14-Avantage an d'Paus gaangen.
Direkt no der Paus konnte se wichteg 2 Goler schéissen a soumat de Virsprong weider ausbauen. Och dono konnt Bierchem de Virsprong halen a qualifizéieren sech mat engem 32:29 fir d'1/8-Finall.