HB Käerjeng wënnt 44:28 géint HBC Schëffleng

Fir de Compte vum 11. Spilldag huet um Freideg den Owend den HB Käerjeng d'Ekipp vu Schëffleng op Besuch gehat a kloer gewonnen.
Den HB Käerjeng war wärend der ganzer Partie kloer déi méi staark Ekipp a konnt och vun Ufank un eng relativ komfortabel Féierung ausbauen. Wéi déi éischten Halschent vum Match eriwwer war, stoung et 22:10 fir d'Ekipp vu Käerjeng.
Déi 2. Halschent ass quasi d'nämmlecht verlaf, Schëffleng huet et net gepackt iwwert déi 60 Minutte géint de staarke Géigner unzekommen.
Zum Schluss stoung et da 44:28 fir den HB Käerjeng.
Déi aner Matcher vun dësem Spilldag si fir e Samschdeg den Owend programméiert. Hei hunn déi Diddelenger d'Ekipp vun Dikrech op Besuch, Péiteng kritt et mat der Red Boys ze dinn a Bierchem reest op Esch.