Am hollännesche Basket-Championnat konnt den Alex Laurent mat Den Helder Suns 76:67 géint Rotterdamm wannen. Eng Victoire gouf et och fir den Thomas Grün.

Am italienesche Volleyballchampionnat verléiert de Kamil Rychlicki mat Ravenna 1:3 géint Trentino. Domadder steet d'Ekipp vum Lëtzebuerger elo op der 8. Tabelleplaz am Championnat.

Den Ex-Steeseler Alex Laurent ass um Samschdeg als Kapitän an d'Partie tëscht Den Helder Suns a Rotterdam gaangen. De Lëtzebuerger konnt 16 perséinlech Punkte scoren an hat um Enn 6 Rebounden um Konto. Seng Ekipp konnt kloer mat 76:67 gewannen.

Vun Erfolleg gekréint war iwwerdeems och d'Leeschtung vun de Gladiators Tréier géint Baunach Young Pikes an der zweeter däitscher Basket-Bundesliga. Um Enn sollte si d'Nues mat 93:85 vir hunn. Hei war den Thomas Grün an der Starting-Five a konnt mat 14 perséinleche Punkten iwwerzeegen.

Am Handball war d'Tina Welter mat Waiblingen an der zweeter däitscher Handball-Bundesliga ënnerwee. Um Enn huet d'Lëtzebuergerin awer eng 30:34-Neirlag géint Wuppertal missen astiechen.