Schonn an der Paus hat d'Ekipp aus der Brauereisstad en Ecart vun 18 Goler erausgespillt.

Direkt vun Ufank un hunn d'Damme vu Käerjeng gewisen, datt si dëse Match dominéiere wëllen. Réiden ass ni richteg an de Match komm a Käerjeng konnt sech bis zur Paus confortabel ofsetzen, esou stoung et no 10 Minutten 8:1, no 20 3:15 an no 30 4:22.

Kuerz nom Säitewiessel hat de Réiden 5 Minutten, wou si de Match e bësse bestëmme konnten. D'Damme konnten duerch Goler vun Zacharias a Pepin véier Goler um Stéck schéissen an aus dem 4:25 an 8:25 maachen. Ma dono huet Käerjeng de Match nees an de Grapp geholl an den Ecart nees séier ausgebaut. Esou stoung et no 50 Minutten 9:33 fir d'Gäscht. Um Schluss war et en 40:10 fir Käerjeng