Handball-Nationalekipp preparéiert sech op EM-Qualifikatioun
D'EM-Qualifikatioun gëtt a Form vun engem Tournoi gespillt an dëse gëtt vum 11. bis den 13. Januar zu Lëtzebuerg gespillt.
Am Handball bereet sech déi Lëtzebuerger Nationalekipp op de Qualifikatiounstournoi fir d’EM 2022 vir. Deen Tournoi gëtt zu Lëtzebuerg gespillt vum 11. bis den 13. Januar 2019. Géigner sinn do Groussbritannien, Irland a Bulgarien. De Régis Thill war fir eis an den INS wou d’Nationalekipp am Stage ass.
Training de 27., 28. an 29. Dezember, Training den 1., 2. an 3. Januar. 2 Matcher géint d’USA den 3. a 4. Januar. Training de 7., 8., 9. an 10. Januar, an d'EM-Turnéier den 11., 12., an 13. Januar. Dat kléngt zimlech professionell fir Amateuren.
De Maik Handschke, den Directeur technique national betount, dass et wuel eng professionell Virbereedung wier, ma déi wier och néideg, well et hätt een och ee kloert zil virun Aen an dat kéint een ouni eng deementspriechend Virbereedung net erreechen.
Den Tommy Wirtz, Spiller vum HB Dideleng, bekannt am Championnat fir seng Goler duerch Konterattacken a vun der lénkser Band, ass ee vun deenen 18 Spiller, déi et op sech huelen, fir iwwert d‘Feierdeeg vollen Asaz ze weisen a léiwer d’Bluttkierpercher duerch de Kierper dreiwen wéi d’Champesbullen.
Den Tommy Wirtz ass och der Meenung, dass een dës zwou Woche vun der Preparatioun onbedéngt muss ideal notzen.
D’Federatioun mécht alles, fir d’Spiller vun der Nationalekipp seriéis ze encadréieren, an da sinn d’Spiller gefuerdert, well déi éischte Plaz am Qualifikatiounstournoi muss d’Zil sinn.
E Freideg den Owend um 19.30 Auer zu Diddeleng an e Samschdeg um 18 Auer zu Beetebuerg heescht et an enger 1. Phas emol géint d’USA ze bestoen.
Statistike géint d'USA:
29.12.70 Lëtzebuerg – USA 20:15
27.12.79 Lëtzebuerg – USA 18:18
13.12.86 Lëtzebuerg – USA 22:16
24.02.90 Lëtzebuerg – USA 26:20
25.02.90 Lëtzebuerg – USA 18:14
03.03.96 Lëtzebuerg – USA 22:21
04.03.96 Lëtzebuerg – USA 24:27
04.06.09 Lëtzebuerg – USA 39:16
6 Victoiren, 1 Remis an 1 Néierlag
Golverhältnis 189:147