No der 32:25-Victoire e Freideg den Owend an engem éischte Frëndschaftsmatch géint d'USA gouf et e Samschdeg eng knapp 27:26-Victoire fir d'Rout Léiwen.

En vue vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2022 huet d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp e Freideg an e Samschdeg zwee Frëndschaftslännermatcher géint d'USA gespillt. Fir d'Ekipp vum Nikola Malesevic gouf et zwou Victoiren. E Freideg hat een no enger schwiereger Ufanksphas mat 32:25 gewonnen. E Samschdeg war de Match nach méi knapp. An der Paus loungen d'Lëtzebuerger nach mat 13:9 a Féierung. Um Enn gewënnt een nëmme knapp mat 27:26 géint d'USA.

De Lëtzebuerger Nationaltrainer Nikola Malesevic war mat de Leeschtunge vu senger Ekipp net onzefridden, ma och hien huet an der Attack an an der Defense nach Verbesserungsméiglechkeete gesinn.

AUDIO: Extrait Nikola Malesevic

An den nächsten Deeg huet d'Lëtzebuerger Nationalekipp elo nach Zäit, fir d'Spillzich ze automatiséieren a sech an déi richteg Form fir de Qualifikatiounstournoi fir d’EM 2022 ze bréngen. Deen Tournoi gëtt zu Lëtzebuerg gespillt vum 11. bis den 13. Januar 2019. Géigner sinn do Groussbritannien, Irland a Bulgarien.

De Resumé vum 1. Match géint d'USA

Lëtzebuerg klappt USA mat 32:25
Viru ronn 650 Spectateuren waren d'Lëtzebuerger zu Diddeleng net gutt an de Match komm géint en dach zimlech schwaache Géigner.
AUDIO: Handball Lëtzebuerg - USA / De Resumé vum Serge Olmo

Viru ronn 650 Spectateuren waren d'Lëtzebuerger zu Diddeleng net gutt an de Match komm géint en dach zimlech schwaache Géigner.  De Match hat ausgeglach ugefaangen an esou stoung et 6:6 no 12 Minutten. D'Amerikaner waren an dëser Phas duerch hire Golkipp an hir Konteren opgefall, bei de Lëtzebuerger war et u sech just den Tommy Wirtz, deen Normalform hat, a 6 vun den éischte 7 Goler markéiert hat. Lues a lues hunn d'Lëtzebuerger awer besser an de Match fonnt an esou stoung et no 30 Minutten 17:12 fir d'Rout Léiwen.

An der zweeter Hallschent huet Lëtzebuerg vill gewiesselt a rotéiert, et gouf ausprobéiert a rotéiert. Ma och d'Spiller vun der Bänk konnten den Ecart op hir Géigner nach liicht ausbauen, no 48 Minutten hat een en Ecart vu 6 Goler beim Stand vu 26:20. Dono hunn d'Amerikaner nees e bësse besser gespillt a ware 5 Minutte viru Schluss esouguer nach op 3 Goler erukomm. D'FLH-Selektioun war an der Schlussphas dominant an huet verdéngt mat 32-25 gewonnen. Den Tommy Wirtz war den effikasse Lëtzebuerger mat 8 Goaler.
Eng negativ Nouvelle ass datt sech de Lé Biel seriö un der Schëller blesséiert an datt hien an d'Spidol gefouert gouf.