Coupe am Handball
Diddeleng géint Käerjeng a Bierchem géint Esch an den 1/2-Finallen

Bei den Dammen treffen dogéint de Chef Dikrech op den HB Museldall an den HC Käerjeng op den HB Esch.
An der Paus vun engem Preparatiounsmatch fir EM-Qualifikatioun goufen e Freideg den Owend d'Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg am Handball ausgeloust. Bei den Hären ginn et direkt zwee Spëtzematcher mat Diddeleng-Käerjeng a Bierchem-Esch. Bei den Dammen trëfft Dikrech op de Museldall a Käerjeng kritt et mat Esch ze dinn, woubäi déi Escher Dammen hei en Avantage vun 3 Goler hunn. D'Halleffinalle ginn an der Coque de 27. respektiv den 28. Februar gespillt.
Am meeschte gelies