Den Escher Spiller hat sech jo eigentlech schonns aus der Nationalekipp zeréckgezunn, ma elo spréngt hien awer fir de blesséierte Bierchemer an.

Nodeems de Bierchemer Lé Biel sech e Freideg beim 1. Preparatiounsmatch vun der Handball-Nationalekipp géint d’USA schro un der Schëller blesséiert huet, gouf elo de Christian Bock vum Handball Esch nonominéiert.

De fréiere Kapitän vun der National-Selektioun hat sech déi lescht Saison aus der Nationalekipp zréckgezunn, hat awer deemools duerchblécke gelooss, datt hie géif asprangen, wann hie gebraucht géif ginn.