Museldall deet sech schwéier géint de Standard
E Freideg den Owend war am Dammen-Handball een Nodrosmatch vum 11. Spilldag. De Museldall huet sech mat 21:20 géint de Standard behaapt.
Et war eng enk Partie e Freideg den Owend tëscht dem Museldall an dem Standard. No engem souveräne Start an engem 4:0 an den éischten 10 Minutten huet de Standard d'Partie duerno enk gehalen an esou ass et mat engem 11:9 aus Siicht vun der Lokalekipp an d'Paus gaangen. An der zweeter Hallschent konnt de Museldall sech no 39 Minutten e Virsprong vun 3 Goler erausspillen an et stoung 15:12, ma de Standard ass duerno nees erukomm a konnt op 16:16 ausgläichen. Bis zum Schluss war et spannend. Um Enn hat de Museldall dat bessert Enn fir sech a gewënnt duerch e Gol vum Santina Goncalves mat 21:20.