An den Halleffinallen e Freideg den Owend hat Frankräich keng Chance géint Dänemark an Norwegen konnt Däitschland op Distanz halen.

Domat kënnt et e Sonndeg zu enger skandinavescher Finall: Dänemark spillt "doheem" géint Norwegen.

D'Norweger konnte sech um Enn mat 31 op 25 géint Däitschland duerchsetzen. D'Skandinavier hate vun Ufank un d'Nues vir, waren um Krees ganz staark an esou stoung et och 14:12 fir Norwegen an der Paus.

Trotz allen Ustrengungen an trotz der Ënnerstëtzung vum Publikum zu Hamburg ass et der däitscher Ekipp an der zweeter Hallschent net gelongen, de Match nach ze dréinen. D'Norweger, ëmmerhi Vize-Weltmeeschter vun 2017, waren einfach ze staark am Ofschloss a konnten zum Schluss, wéi Däitschland huet musse Risiko spillen, nach e bësse fortzéien. Beim Stand vun 31:25 fir Norwegen gouf ofgepaff, domat waren d'Finall- an d'Titeldreem vun den Däitschen, déi doheem eng euphoresch WM gespillt hunn, futti.

Ëm den Titel spillt elo Norwegen an trëfft do op Dänemark.

RTL

© AFP

An der éischter Halleffinall vun der Handball-WM hat Dänemark nämlech e Freideg den Owend kuerze Prozess mam Titelverdeedeger Frankräich gemaach. D'Dänen hu sech no 60 Minutte souverän mat 38:30 behaapt a stinn domadder an der Finall, déi e Sonndeg zu Herning an Dänemark - also bei sech doheem - gespillt gëtt.

Vun der éischter Minutt u waren d'Dänen déi méi staark Ekipp an hate Frankräich fest am Grëff. No 13 Minutten haten d'Däne sech e Virsprong vun 3 Goler erausgespillt an et stoung 8:5. Bis d'Paus ass dëse weider gewuess, sou datt et beim Tëschestand vun 19:13 an d'Kabinne gaangen ass. An der zweeter Hallschent ass et de Fransousen net gelongen, nach eng Kéier zeréck an de Match ze kommen. D'Dänen si weider dovunner gezunn, sou datt ee 15 Minutte viru Schluss mat 32:22 a Féierung loung. Géint Enn vum Match huet d'Konzentratioun vu Mikkel Hansen a Co e bëssen nogelooss an d'Fransouse konnten de Réckstand liicht verkierzen - 27:34. Um Enn gewënnt Dänemark awer souverän mat 38:30 a steet verdéngt an der Finall. Beschte Spiller bei Dänemark war den Hansen mat 12 Goler.

De Programm vun der Finalronn e Samschdeg a Sonndeg zu Herning an Dänemark:

Samschdeg
17h30: Match ëm Plaz 7: Spuenien - Ägypten
20h30: Match ëm Plaz 5: Kroatien - Schweden

Sonndeg
14h30: Match ëm Plaz 3: Frankräich - Däitschland
17h30: Finall: Dänemark - Norwegen

RTL