HC Bierchem an den Aachtelsfinalle géint Dicken gefuerdert

© pressphoto (Archiv)
De Weekend spillt Bierchem am Handball-Challenge-Cup den Allers- an de Retourmatch vun den Aachtelsfinalle géint Dicken aus Finnland.
D'Partië ginn 2 Mol um 17.30 Auer gespillt an dat zu Krautem am Réiserbann. Dat ass een objektive Virdeel fir de Lëtzebuerger Vertrieder. De Faite, datt déi Bierchemer doheem spillen ass ee vun den Argumenter, déi een optimistesch stëmmen fir dësen internationalen Duell. Déi Réiserbänner musse géint d'Ekipp, déi zum Beispill Partizan Belgrad eliminéiert huet, op hirem Maximum spillen. Den Dany Scholten ass sech bewosst, datt et zwee ganz schwéier Matcher wäert ginn. Net fir näischt hätt Dicken op hiert Recht, fir och kënnen doheem ze spillen, verzicht.
Déi Lëtzebuerger Ekippen haten eng Paus vu ronn 6 Wochen an d'Reprise vum Championnat war de leschte Weekend. Vläicht kéint dëst de Finnen entgéint kommen, well si spille schonn erëm zanter Ufank Januar.
Problematesch ass fir de Lëtzebuerger Vetrieder d'Verletzung vum Nationalspiller Lé Biel. Et weess kee besser wéi säi Brudder Tun, datt een de Lé Biel wäert vermëssen.
Et kann ee sech zimlech sécher fir déi Bierchemer op 2 schwéier Matcher géint Dicken aus Finnland astellen.