An der 2. Handball-Bundesliga huet Waiblingen mam Tina Welter auswäerts mat 20:25 (8:10) géint Gedern/Nidda verluer.

Am hollännesche Basket huet den Alex Laurent mat den Helder eng 69:72-Néierlag géint Rotterdam missen astiechen.
De Lëtzebuerger konnt 17 Punkte fir seng Faarwe bäidroen.

D'Magaly Meynadier verléiert an der däitscher Bundesliga mat sengen XCYDE Angels mat 54:57 géint d'Frae vum TSV Wasserburg.

An der 2. Basketball-Bundesliga an Däitschland hunn d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün e Samschdeg den Owend knapp mat 90:93 bei den Uni Baskets Paderborn verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 3 Punkte fir Tréier markéiert.