Bierchem klappt den Doublé-Gewënner Esch

© Gilles Tricca
Den HC Bierchem konnt den HB Esch mat 31:29 schloen. Iwwerdeems huet de CHEV Dikrech beim 25:25-Remis géint Diddeleng d'Punkte gedeelt.
Hären-Handball
HC Bierchem - HB Esch 31:29
De Champion a Coupegewënner vun Esch war fir de Kont vum 8. Spilldag am Titelgrupp beim HC Bierchem op Besuch. Bierchem wollt virun eegene Public punkten, fir eng Reschtchance op eng d'Plaz fir d'Coupe d'Europe ze halen.
Déi éischt Véirelstonn war dunn och ganz spannend an d'Zuschauer kruten zu Krautem an der Hal flotten Handball gebueden. Den Niveau huet awer am weidere Verlaf ofgeholl an et goufen ëmmer nees technesch Aussetzer am Spillopbau, ma et waren awer déi Escher, déi iwwer de Groussdeel vun der Spillzäit ëmmer liicht am Avantage waren - esou goung déi éischt Hallschecht och un den Doublé-Gewënner.
Am 2. Duerchgang ass d'Partie awer gekippt a virun allem den Bierchemer Kipper huet grouss opgespillt an déi Escher Attack un d'Verzweiwele bruecht. Géint der Schluss hin ass Bierchem dunn de Coup gelongen a si konnten de Match zu hire Gonschten dréinen. Esou stoung et 3 Minutte viru Schluss 29:27 fir d'Lokalhären, wat d'Virentscheedung war.
Um Enn huet den HC Bierchem mat 31:29 gewonnen. De Christo Tsatsto huet fir déi Bierchemer 8 Goler markéiert a war domat highest scorer. Fir Esch ass et déi éischten Defaite am Titelgrupp.
Datt et um Enn fir d'Victoire duergaangen ass, läit dem Bierchemer Dany Scholten no dorunner, datt een d'Intensitéit eropgeschrauft huet.
CHEV Dikrech - HB Diddeleng 25:25
Extrem spannend war et e Samschdegowend an der Iesels-Stad, wou et no der éischter hallwer Stonn 15:14 fir d'Lokalformatioun stoung. Am weidere Spillverlaf war et een Hin an Hier a ronn 5 Minutte viru Schluss stoung 23:23 um Tableau d'Affichage.
Béid Ekippen hunn nach jee zweemol getraff, esoudatt kee Gewënner aus dëser Partie ervirgaangen ass.
E Freideg den Owend hate sech schonn d'Red Boys mat 47:33 géint Käerjeng behaapt.
RTL-Artikel: Handball: Red Boys setze sech géint Käerjeng duerch
Hären
Dammen-Handball
HB Museldall - HB Käerjeng 21:26
Mat Käerjeng stoung fir déi Miseler Dammen e Samschdeg Nomëtteg d'Partie géint den Doublé-Gewënner um Programm. D'Dominanz vun der Formatioun vum Dribbel war dunn och vun Ufank un ze spieren, esou goung et mat engem 5-Goler-Avantage no enger hallwer Stonn an d'Paus. An och duerno war et Ekipp vum Champion, déi weider gutt opgespillt huet an den HB Museldall krut kee Fouss an d'Dier. 15 Minutte virun Enn war de Virsprong fir d'Käerjenger Dammen bei 7 Goler.
Um Enn hu sech d'Damme vum Museldall nach e bëssen erugekämpft, ma fir d'Iwwerraschung ass et awer net méi duergaangen.
CHEV Dikrech - HB Diddeleng 21:25
Dikrech hat doheem géint den HB Diddeleng nawell seng Problemer. An der Hallschecht war de Gaascht aus der Forge du Sud mat 12:8 vir an och am 2. Duerchgang war de Gaascht besser am Match. Ronn eng Véierelstonn viru Schluss war de Réckstand vum CHEV just nach op dräi Goler, ma d'Ekipp aus der Iesels-Stad konnt d'Rudder awer net méi ëmräissen.
HC Standard - HBC Schëffleng 20:28
Am Kellerduell hat de Standard den HBC Schëffleng op Besuch. De Gaascht wosst vun Ufank un ze iwwerzeegen an esou louch dësen och an der Paus mat 13:9 am Avantage. Nom Téi hunn déi Schëfflenger Damme souguer nach eng Schëpp dropgeluecht an de Virsprong op d'Stater bei 6-8 Goler gehalen. Um Enn stoung eng däitlech Victoire fir de Gaascht um Tableau d'Affichage.