Red Boys setze sech géint Käerjeng duerch
An der Lutte ëm den Titel ass d'Entscheedung gefall, dee geet op Esch. Ma d'Ekippen hannendru wëlle sech nach fir d'Europäesch Competitioun qualifizéieren.
D’Red Boys ware mat der richteger Mentalitéit an de Match gaangen a ware no knapp 3 Minutten 4:0 vir. Déi Déifferdenger konnte quasi aus alle Positioune markéieren, phaseweis bal ouni Géigewier.
Am Goal huet Keeper Petar Jokanovic e puer flott Parade realiséiert. Virum Match si mer gewuer ginn, datt den erfueren Sedin Zuzo bis d’Enn vun der Saison aus diziplinäre Grënn net méi am Kader ass bei de Red Boys, hie gouf bei dësem Match, géint eng enttäuschend Käerjenger Formatioun, och net vermësst.
Bei den Déifferdenger hu virun allem den Dan Scheid an den Aldin Zekan erausgestach an den éischten 30 Minutten. Den Aldin Zekan hat bis d’Paus 9 Goaler geschoss an d'Säite goufe beim Stand vu 25:17 fir déi Rout gewiesselt. Dëst ass bei munche Matcher scho bal d'Schlussresultat, wat am Fong schonn alles seet.
Déi zweet Hallschent ass ähnlech verlaf, wéi schonn déi éischt, esou datt d'Red Boys sech lues a lues konnt ofsetzen. No 45 Minutten hate si e Virsprong vun 9 Goaler bei 36:27. Um Enn konnte si sech du mat 47:33 behaapten. Bei der Red Boys bleift den Aldin Zekan ervirzehiewen, deen 12 Goaler markéiere konnt.
Bei béiden Ekippen hu wichteg Spiller gefeelt, bei deene Déifferdenger ass dat net wierklech opgefall. Fir d’Red Boys ass dës Victoire e grousse Schratt a Richtung Qualifikatioun fir Europa. Bei deene Käerjenger kann ee sech froen, wat phaseweis lass war.