Kuddelmuddel am Muechtkampf beim 1. FC Kaiserslautern

Wéi et ausgesäit, ass d'Decisioun ëm den Invest vum Flavio Becca beim 1. FC Kaiserslautern awer nach net vum Dësch.
De Muechtkampf beim 1. FC Kaiserslautern geet weider, huet déi Däitsch Bildzeitung en Dënschdeg den Owend getitelt. E Méindeg den Owend hat et jo geheescht, datt den 1. FC Kaiserslautern d’Offer vum Flavio Becca, fir beim 1.FCK ze investéieren, net méi géif zeréckbehalen. De Michael Littig vum Opsiichtsrot vum Club, an Oppositiounspolitiker am Gemengerot vu Kaiserslautern hat annoncéiert, datt hie regional Investisseuren fonnt hätt.
De regionalen Investisseursgrupp géif 3 Milliounen € matbréngen, dat an der Géigeleeschtung 10% vun den Aktien, also vum Wäert vum Club wären. Dat heescht, datt de Club e Wäert vun 30 Milliounen € hätt. Mam Flavio Becca gouf awer ëmmer vu Clubsäit op enger Valeur vun 120 Milliounen € verhandelt. De Littig muss also elo erklären, wéi de Veräin an Zäit vun e puer Deeg, elo souzesoen 90 Mio € manner wäert ass.
Et däerf een och gespaant sinn, wat aner regional Sponsoren, déi schonn do sinn, soen, déi jo u sech dovun ausgaange sinn, datt si Undeeler un engem Veräin vun 120 Milliounen € hätten. An d’Fro stellt sech, wat Quattrex an Lagardère maachen, zwee Investisseuren, déi bis elo ronn 3,9 Milliounen € ginn hätten, an déi gesot sollen hunn, datt si just bleiwe géifen, wann de Flavio Becca beim 1.FCK géif eraklammen.
D’Bild schreift, datt e Méindeg guer keng Decisioun hätt dierfe geholl ginn. Déi offiziell Reunioun ass eréischt de 16. Mee. D’Zeitung mellt och, datt de Lëtzebuerger Geschäftsmann, nach ëmmer zur Verfügung géif stoen, an datt am Fall vun sengem Investissement d’Saach mat der Lizenz fir d’nächst Saison direkt gereegelt wär. Mëttlerweil schéngt och de Littig kompromëssbereet ze sinn. Hien sot der Bild: “Ech wëll gär, datt se all bleiwen, an datt mer all zesummen d’Lizenz sécheren!”
Lo huet och den Oberbürgermeister vu Kaiserslautern, den Dokter Klaus Weichel sech an der Bild zu Wuert gemellt. Hien huet un jiddereen den Appell geriicht, endlech déi perséinlech Interessen zeréckzestellen, an am Interêt vum Club, den 1.FCK an eng nohalteg wirtschaftlech a sportlech erfollegräich Zukunft ze féieren.
De Michael Littig huet an engem Interview beim SWR reagéiert. Op d’Fro, wien an der regionaler Investisseursgrupp ass, mat där hien e Méindeg op eemol opgedaucht ass, konnt hien awer keng Nimm nennen. Och wéi déi Valeur vun 3 Milliounen Euro fir 10% zustane kommen, konnt hien net erklären.