Nom Depart vum Jacques Tironzelli op Lemgo huet den Handball Käerjeng mam Sebastien Edgar en neie Lénkshänner fonnt.

De Sebastien Edgar kënnt vu Valence Handball (F), wou hie vun 2017 bis 2019 an der Nationale 1 a vun 2012 bis 2017 an der Division 2 gespillt huet. Hei huet hien och zesumme mam Pierre Veidig gespillt.

Den Edgar huet 29 Joer, ass Lénkshänner, ass 1,82 m grouss, 78 kg schwéier an huet esou wuel déi franséisch wéi déi englesch Nationalitéit.

Fir Groussbritannien huet hien 69 Mol gespillt an dobäi 312 Goaler geschoss. Elo am Juni beim Emerging Nations Turnéier zu Tiflis a Georgien war hie mat 66 Goaler de beschte Goalgetter vum Turnéier. 2012 huet hie mat Groussbritannien zu London un den Olympesche Spiller deelgeholl.

Den Edgar huet fir 1 Joer mat enger Optioun fir e weidert Joer beim HBK ënnerschriwwen.