Dëst Joer gëtt et eng Première, well d'Stéphanie Frappart als éischte Fra een internationalen Toppmatch vun de Männer arbitréiere wäert.

E Mëttwoch den Owend spillt Liverpool, de Gewënner vun der Champions League, am Uefa Supercup zu Istanbul géint Chelsea, de Gewënner vun der Europa League. Vun 21 Auer un treffen déi zwee englesch Veräiner an engem Match vun internationalem Toppniveau openeen a kämpfen ëm den éischte wichtegen Titel vun der neier Saison.

Geleet gëtt d'Partie vun der Franséisin Stéphanie Frappart. Domat ass si déi éischte Fra, déi een internationalen Toppmatch vun de Männer leede wäert.

Formkurv vu Liverpool an Chelsea virum Showdown

Leschte Weekend war an England de Start vun der Premier League. Hei haten d'Reds mat engem 4:1 géint Norwich City keng Schwieregkeeten a konnten iwwerzeegen. D'Blues dogéint si ferm bei de Red Devils vu Manchester United mat 0:4 ënnert d'Rieder komm.

Deemno huet d'Ekipp vum Jürgen Klopp d'Favoritteroll, däerf Chelsea awer op kee Fall ënenrschätzen.

D'Partie gëtt e Mëttwoch den Owend vun 20 Auer 40 u live um 2. RTL an am Livestream op RTL.lu an op der App mat Commentaire vum Jeff Kettenmeyer a Paul Philipp iwwerdroen.