Well hie sech wärend dem Masters zu Cincinnati zimlech donieft beholl huet, muss den australeschen Tennisprofi Nick Kyrgios eng säfteg Geldstrof bezuelen.

Wéi d'Tennisfederatioun ATP en Donneschdeg bekannt ginn huet, krut hien eng Strof vun ëmgerechent knapp 102.000 Euro.

Wärend dem Duell mam Russ Karen Chatschanow war hien ëmmer nees mam Arbitter unenee geroden. Hien ass wärend dem Match onerlaabt op d'Toilette gaangen, huet an de Katakomben zwee Tennisschléier futti geschloen, en huet mat senge Schong op d'Spectateure geheit... ma domat net genuch, hien huet och nach Direktioun Arbitter gespaut.

VIDEO: Nick Kyrgios riskéiert suspendéiert ze ginn
Well hie sech wärend dem Masters zu Cincinnati zimlech donieft beholl huet, muss den australeschen Tennisprofi Nick Kyrgios eng säfteg Geldstrof bezuelen.

Zum Schluss huet den Nick Kyrgios refuséiert dem Referee d'Hand ze ginn. Säi Géigner huet vun där ganzer Onrou profitéiert an ouni Problemer an dräi Sätz géint dee 27 Joer alen Australier gewonnen. D'Tennisfederatioun huet den Nick Kyrgios iwwerdeems gewarnt, dass hie riskéiert suspendéiert ze ginn, soubal déi komplett Enquête vun dësem Tëschefall ofgeschloss ass.