Am Handball spillt d'Lëtzebuerger Nationalekipp de Qualifikatiounstournoi fir d'WM 2021 virun eegenem Public, dëst huet d'FLH en Dënschdeg matgedeelt.

Vum 10. bis den 12. Januar spillt Lëtzebuerg deemno an der Coque géint Litauen, d‘Slowakei an d'Färöer Inselen.

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun ass domat och der Demande vun der FLVB entgéintkomm, déi e grousst Turnéier de Weekend vum 3. bis 5. Januar an der Coque geplangt huet.