Bierchem wënnt däitlech géint Péiteng

© RTL Archiv
D'Bierchemer Häre kënnen sech um 1. Spilldag an der Axa League doheem mat 32:17 géint den HB Péiteng duerchsetzen.
E Samschdeg den Owend war et d'Suite vum 1. Spilldag am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären a gläichzäiteg den Optakt vum Damme-Championnat.
Hären-Handball
HC Bierchem - HB Péiteng 32:17
CHEV Dikrech - HBC Schëffleng 34:18
D'Dikrecher Hären hu vun Ufank un de Schëfflenger gewisen, dass kee Kraut géint si gewuess ass. No 5 Minutte stoung et deemno schonn 3:0 fir d'Lokalekipp. Och wann déi Schëfflenger lues a lues besser an de Match fonnt hunn, si si de ganze Match engem Réckstand hannendrun gelaf. An der Paus stoung et 16:9 fir Dikrech.
An deenen zweeten 30 Minutten hunn d'Spectateuren een ähnlecht Bild gebuede kritt wéi an der 1 Halschent. Dikrech war dominant, huet de Ball gutt lafe gelooss an huet de Virsprong lues a lues ëmmer weider ausgebaut. No enger Dräivéirelsstonn stoung et 25:14. No 60 gespillte Minutte setze sech um Enn d'Dikrecher Hären mat 34:18 géint d'Schëfflenger duerch.
Red Boys - HB Dideleng 35:24
Dammen-Handball
HB Museldall - HC Standard 23:18
Zum Optakt vum Damme-Championnat ka sech d'Lokalekipp zu Gréiwemaacherer mat 23:18 géint den HC Standard duerchsetzen.
Red Boys Déifferdeng - HB Diddeleng 22:30