Nëmmen 2 Sekonnen hu gefeelt, dann hätt de Kenenisa Bekele en neie Weltrekord an der Liichtathletik opgestallt.

De 37 Joer alen Äthiopier ass bei der 46. Editioun vum Berlin-Marathon déi zweetséierst Zäit an der Liichtathletik-Geschicht gelaf. Mat enger inoffizieller Zäit vun 2:01:41 Stonnen war hie just 2 Sekonne méi lues wéi de Kenianer Eliud Kipchoge, deen d'lescht Joer op deem selwechte Marathon en neie Weltrekord opgestallt hat.

Op Plaz 2 kommen de Birhanu Legese (2:02:48) an de Sisay Lemma (2:03:36), allebéid och aus Äthiopien.