Etzella suergt mat 1. Succès fir 3. Néierlag vun Diddeleng

© Cliff Schmit
D'Ettelbrécker konnte sech däitlech 101:86 an der Forge du Sud duerchsetzen. Steesel war op der Musel erfollegräich a Contern konnt géint Hiefenech wannen.
E Samschdeg gouf et bei den Damme kloer Victoirë fir d'Amicale an d'Résidence. Bei den Hären huet alles op den Toppmatch tëscht Diddeleng an der Etzella gekuckt. Bei dëser Partie gouf och de Comeback vum Billi McNutt bei Ettelbréck confirméiert. Méi fréi um Owend hat sech de Basket Esch schonns géint de Stater Racing behaapt.
Hären-Basket
T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 86:101 (36:49)
Virun der Partie gouf et fir déi Ettelbrécker eng gutt Nouvelle: de Billy McNutt stoung um Spillerbou a war deemno bereet, fir senger Etzella dëse Match ënnert d'Äerm ze gräifen. De McNutt hat jo well 5 Joer laang fir d'Etzella gespillt a war am Ettelbrécker Spill e Samschdeg den Owend ee Pilier ginn.
Ee ganz ausgeglachenen 1. Véierel hunn d'Spectateuren zu Diddeleng mat erlieft. Et war awer och een nervösen Ufank op béide Säit, bei deem vill oppe Schëss d'Zil net fonnt hunn. Bei der Etzella huet et virun allem och vun der Dräier-Linn gehapert. Bei der Ekipp aus der Forge du Sud war den Dority ufanks den Taktgeber - bei den Ettelbrécker ass quasi alles iwwer d'Gutenkauf-Bridder gaangen. D'Gäscht aus dem Däich hunn den 1. Quarter mat 20:19 knapp fir sech entscheet.
Ettelbréck huet insgesamt manner Feeler gemaach, och well de Billi McNutt ze iwwerzeege wousst. Den T71 hat ouni de Schumacher a Muller ee schwéiere Stand an huet keng erwuesse Leeschtung am 1. Duerchgang gewisen. 29:17 huet d'Etzella den 2. Quarter fir sech entscheet, huet awer och de Philippe Gutenkauf op Blessur hi verluer. Dëse war ënnert dem Kuerf an engem Duell mam Ben Hurt ewechgerutscht a konnt och net méi weider spillen - 49:36 an der Paus.
Och dono goung et just an eng Richtung. Diddeleng hat der Offensiv vun der Ettelbréck net méi vill entgéintzesetzen an huet, nom 19:25 am 3. Quarter, am leschten d'Ekipp dréine gelooss. De Coach Diederich huet vill gewiesselt a Spiller aus der 2. Rei eng Chance ginn. D'Etzella huet hir confortabel Féierung geréiert, ouni an de leschte Minutten ze vill riskéieren ze mussen. Virun eppes méi wéi 330 Spectateure stoung nom Match eng verdéngten 1. Victoire fir Etzella um Tableau - den T71 huet iwwerdeems déi 3. Defaite am 3. Match missen astiechen.
AB Contern - Hiefenech 69:68 (42:35)
D'Lokalekipp huet am 1. Véierel kuriéis mat engem 35:20 ugefaangen. Mat dësem Polster goung et fir d'Ekipp vum Coach Love an den 2. Quarter, deen d'Gäscht vun Hiefenech 15:7 gewonnen hunn. Deemno goung et mat engem 42:35 fir d'Paus an d'Kabinnen.
An der 2. Hallschecht huet Hiefenech eng Schëpp missen dropleeën, wann d'Ekipp ronderëm de Max Schmit nach ee Comeback wéilt starten. D'Gäscht hunn den 3. Véierel dunn erfollegräich mat 18:11 op en Enn bruecht - deemno hate si nees e Fouss an der Dier. Am leschte Véierel war et du ganz knapp, ma den ABC konnt awer dogéint halen an nom 16:15 déi 1. Victoire vun der Saison feieren.
Musel Pikes - Amicale Steesel 82:91 (47:52)
D'Pikes waren doheem virum eegene Public gefuerdert an hunn direkt vun Ufank un ënnert dem Impuls vum Tom Welter mat héijem Tempo opgespillt. D'Amicale krut awer séier de Fouss an d'Dier, huet den 1. Véierel awer mat 25:27 missen ofginn. Am weidere Verlaf war et eng ganz equilibréiert Partie, an där zwar Aggressivitéit war, dat dem Niveau insgesamt awer net guttgedoen huet. Steesel koum an der Jeannot-Bonifas-Hal nees mat engem 27:20 zeréck, soudatt et mat 52:47 fir d'Gäscht op den Téi goung.
Am 3. Véierel huet Steesel, virun allem op Dräier hi vum Jett Speelman, weider punkte konnten an esou der Partie hire Stempel opgedréckt hunn. Nom 18:13 am 3. Quarter goung et beim Stand vu 70:60 an de leschte Véierel. Do gouf et ee Coup fir d'Pikes, well si de Jean Kox op Blessur hi verluer hunn. D'Ekipp huet dësen Ausfall awer gutt verkraaft a koum och nees bäi.
D'Amicale huet dunn awer am leschte Véierel de Sak mat 22:21 zou gemaach an den Auswäertsmatch um Enn 91:82 verdéngt gewonnen. D'Miseler hu sech e Samschdeg den Owend selwer misse mat der Nues huelen, well si ë.a. just 5 vu 16 Fräiwërf net verwandele konnten.
Arantia Fiels - Sparta Bartreng 96:87 (49:48)
Fiels huet kee schlechte Saisonsstart erwëscht a wollt deemno virum eegene Public och géint d'Sparta iwwerzeegen. Et waren awer d'Gäscht, déi besser an de Match gestart sinn an den 1. Véierel mat 29:25 fir sech entscheede konnten. D'Arantia koum awer nees am 2. Véierel bäi, dat virun allem ënnert dem Impuls vum Adarius Avery - 49:48 fir déi Fielser an der Paus.
Duerno goung et equilibréiert weider, mat am 3. Véierel dem besseren Ausgang mat 25:21 fir d'Fiels. Och am weidere Verlaf vun der Partie huet den Underdog vun der Arantia der Partie hire Stempel opgedréckt a Williams, Koster, Verbeelen a Co op Bartrenger Säit schlecht ausgesi gelooss. Um Enn konnt d'Fiels och de 4. Quarter gewannen, dat mat 22:18, soudatt eng dach iwwerraschend Victoire fir d'Arantia um Tableau stoung.
Racing - Basket Esch 67:79 (32:33)
An der fréier Owespartie hat de Stater Racing de Basket Esch op Besuch. Am Tramschapp hunn déi Stater den 1. Véierel dominéiert an dëse mat 18:9 aus hirer Siicht op en Enn bruecht. Dono war et awer d'Ekipp aus der Minett-Metropol, déi besser an der Partie war a mat engem 24:14 zeréckkoum.
Beim Racing goung déi 2. Hallschecht net gutt lass. D'Gäscht aus der Minett-Metropol hunn den 3. Quarter mat 23:9 däitlech fir sech entscheet. Un der Defaite vum Racing huet dunn och de 26:23 am leschte Véierel geännert. Um Enn stoung eng verdéngte Victoire fir Biever, Rugg an Jackson-Cartwright um Tableau.
Dammen-Basket
AB Contern - Telstar Hesper 80:68 (43:35)
Nodeems den ABC den 1. Quarter mat 20:22 un de Géigner huet missen ofginn, koum d'Ekipp ronderëm d'Jessy Goergen am 2. nees mat engem 23:12 zeréck an de Match. Mat engem 10-Punkten-Réckstand goung et fir Hesper weider. Den Telstar huet am 3. Véierel 19:17 knapp gewonnen. Contern huet dunn awer nach eng Kéier ugezunn an der Partie mat engem 20:14 entscheet.
T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 71:72 (36:38)
Eng ganz serréiert Ausernanersetzung huet ee sech dierfe vun der Partie tëscht dem T71 an der Etzella erwaarden. Ettelbréck wollt auswäerts onbedéngt eppes mathuelen an dat huet een am 1. Véierel mat engem 21:19 fir d'Formatioun aus dem Däich och gemierkt. Dono goung et mat engem 17:17 weider - eng knapp Féierung fir d'Etzella an der Paus. Enk war et iwwerdeems och an der 2. Hallschecht. Goung den 3. Véierel nach mat 21:19 zu Gonschte vun den Diddelenger aus, sou konnt d'Ekipp aus dem Däich am 4. mat 15:14 wannen an d'Punkten domat mat heem huelen.
Musel Pikes - Amicale Steesel 70:81 (36:40)
Op der Musel war Steesel op Besuch. Allebéid sinn an der Tabell nach no beieneen, deemno huet et fir béid geheescht, op Ugrëff ze spillen. Et war d'Amicale, déi am 1. Véierel liicht Iwwerwaasser hat a sech dëse mat 18:14 séchere konnt. Den 2. Véierel goung mat 22:22 op en Enn, soudatt et mat engem 36:40 aus der Siicht vun de Pikes an d'Paus goung. Och an der 2. Hallschecht waren déi Steeseler Dammen, déi méi aktiv Ekipp. Esou ass den 3. Véierel mat 25:20 op en Enn gaangen. Wéi de leschte Quarter mat 16:14 fir d'Amicale gewonne gouf, war d'Victoire fir Skrijelj a Co. perft.
Résidence Walfer - Sparta Bartreng 73:59 (39:34)
An der Hal Prince Henri zu Walfer koum et zum Duell tëscht der Résidence an der Sparta. Ganz knapp goung den 1. Véierel mat 23:22 fir d'Gäscht op en Enn. Am 2. Quarter war et d'Lokalekipp, déi besser opgespillt huet a schliisslech mat enger 39:34-Féierung an d'Paus goe konnt. D'Walfer Dammen haten e Samschdeg de besseren Owend erwëscht an hunn dëst och nom Téi ënner Beweis gestallt: den 3. Véierel goung mat 18:8 fir si aus. Am leschte Véierel huet d'Sparta nach eemol alles riskéiert, 17:16 gewonnen, ma d'Partie um Enn awer verluer.