E Freideg den Owend war am nationale Dammebasket-Championnat eng Partie fir de Kont vum 3. Spilldag.

Nach ass de Lëtzebuerger Champion am Dammebasket Gréngewald net esou richteg an der Saison dran. Am drëtte Match gouf et déi zweeten Néierlag. No Steesel huet ee sech och beim Basket Esch misse geschloe ginn. D'Ekipp vum Hermann Paar huet e Freideg den Owend zu Esch mat 62:70 verluer.

An der Paus louchen d'Damme vum Gréngewald nach knapp mat 36:33 a Féierung. An der zweeter Hallschent war de Basket Esch virun den eegene Spectateuren awer déi besser Ekipp an esou si si mat engem Virsprong vun 3 Punkte beim Score 55:52 an déi lescht 10 Minutte gaangen. Hei konnte Grieb a Co. sech weider ofsetzen, fir de Match um Enn ze gewannen.

Déi weider Matcher vum 3. Spilldag sinn dann e Samschdeg.