Challenge Cup
Red Boys kréien et mat Nove Veseli ze dinn

© AFP (Archiv)
Nom Out vun Esch, Käerjeng an Diddeleng an der europäescher Coupe am Handball ass Déifferdeng nach deen eenzege Lëtzebuerger Vertrieder.
En Donneschdeg war d'Auslousung vum 3. Tour am Handball-Challenge-Cup. D'Red Boys kréien et mam tschechesche Vertrieder Nove Veseli ze dinn.
Den Allersmatch gëtt de Weekend vum 16. a 17. November auswäerts gespillt, de Weekend drop ass et dann de Retourmatch an der Sportshal zu Uewerkuer.
Am meeschte gelies