D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech an der Nuecht op e Mëttwoch am 1. Tour mat 4:6, 7:6 a 6:3 géint d’Lokalmatadorin Irina Falconi duerchgesat.

Am 2. Tour kritt d'Mandy Minella et elo entweder mam Giuliana Olmos aus Mexiko oder mam Usue Maitane Arconada aus den USA ze dinn.