Si sëtze sech kloer mat 103:89 géint d'Etzella duerch. D'Musel Pikes klappe Conter mat 89:83 a Steesel wënnt mat 93:83 géint Hiefenech.

E Samschdeg den Owend war am Basket d'Suite vum 7. Spilldag an der Total League bei den Dammen an den Hären.

Bei den Hären huet sech d'Etzella iwwerraschent een Ausrutscher géint d'Fiels geleescht, fir den T71-Diddeleng gouf et an der Course ëm eng Plaz am Titelgrupp mat nëmmen engem 8-Mann-Kader eng wichteg Victoire beim Racing. No 4 Néierlagen noeneen huet d'Amicale géint Hiefenech gewisen, datt een awer nach gewanne kann. An den Opsteiger Conter huet sech knapp misse géint d'Pikes geschloe ginn.

Schonns e Freideg den Owend hat sech de ongeschloenen Tabelleleader bei den Hären Esch doheem géint d'Sparta Bartreng mat 86:64 duerchgesat.

Hären-Basket

Amicale Steesel - US Hiefenech 93:83 (39:47)

D'Amicale Steesel hat de bessere Start a louch no 4 Minutte mat 10:4 a Féierung. No engem Time-Out vu Hiefenech ass awer och de Gaascht besser an de Match koum. Ënnert dem Impuls vum Devon Drakeford hu si e 7:0-Laf realiséiert. Hiefenech war elo déi besser Ekipp, sou dass si déi éischt 10 Minutte mat 23:17 fir sech entscheet hunn.

Am 2. Véierel huet Hiefenech weider getraff, a konnt de Virsprong op tëschenzäitlech 9 Punken ausbauen. Ma Steesel huet mam Jett Speelan versicht de Gäscht weider Paroli ze bidden. Steesel huet sech ëmmer erëm eru gekämpft, mee krut et net hin, konstant gudde Basket ze spillen, sou dass den Ecart no 20 Minutten bei 8 Punkte louch: 39:47.

Hiefenech ass besser aus der Halschent komm a Steesel war zäitweis mat 12 Punkten hannen. 4 Dräier huet Hiefenech um Stéck geschoss. Ma Steesel huet ënnert dem Impuls vum Kendrix en 8:0-Laf gesat. Domat war Steesel erëm zeréck am Match. Virum leschten Véierel louch d'Lokalekipp nëmmen nach 2 Punkten hannen, 63:65.

Am Schlussvéierel huet d'Amicale eng ganz aner Kierpersprooch gewisen, huet vill méi aggressiv gespillt a sou een 12-Punkte-Réckstand an e 5-Punkte-Virsprong ëmgewandelt. 81:76 fir Steesel no 36 Minutten. Déi läscht 4 Minutten waren ganz spannend, ma Steesel klappt Hiefenech mat 92:83.

Arantia Fiels - Etzella Ettelbréck 103:89 (54:38)

D'Arantia Fiels huet souwuel am 1. wéi och am 2. Véierel eng ganz staark Leeschtung gebueden. Ënnert dem Impuls vum Mashuan Avery a Winn lii louch d'Arantia 29:22 nom 1. Quarter a Front. Och am 2. Véierel war Etzella Ettelbréck net sou am Match wéi een dat vu Gutenkauf a Co. gewinnt ass. Virun allem an der Defense kruten d'Gäscht déi 2 Amerikaner vun der Arantia net an den Grëff. Ganzer 54 Punkte krute si an der 1. Halschent geschoss. D'Fiels louch no 20 Minutte mat 54:38 vir.

Och an der 2. Halschent ass bei de Gäscht net vill zesummen gelaf. D'Fiels huet de Ball lafen gelooss an an der Offensiv ganz effektiv gespillt. Um Enn kann sech d'Lokalekipp souverän mat 103:89 géint den Doublé-Gewënner behaapten.

AB Contern - Musel Pikes 83:89

D'Lokalekipp huet um Samschdeg den Owend mat engem neien US Amerikaner gespillt. Den Jesse Von Morgan Jr ass nees bei Conter zeréck. Schonns virun e puer Joren hat hie seng Schong fir den AB gestreckt.

Zu Conter hunn d'Spectateuren am 1. Quarter eng ganz spannend Partie gesinn. Birenbaum bei Conter a Kox an Holland bei de Pikes hunn hir Ekippen an der Offensive ugefouert. No 10 Minutte stoung et 26:26.
Virum leschte Quarter war Conter mat 54:40 vir. An engem Match wou béid Ekippen net vill Wërf getraff hunn, louch den AB 7 Minutte viru Schluss mat 57:47 am Avantage. An de Schlussminutten ass bei der Lokalekipp op eemol guer näischt méi zesumme gelaf. Conter ass reegelrecht agebrach.  D'Pikes hunn hir Schëss getraff, Conter net méi. Sou hunn d'Visiteuren de Match nach gedréint a kënne sech mat 89:83 géint Conter duerchsetzen.

Racing - T71 Diddeleng 76:90 (38:47)

Diddeleng ass ganz staark an dëse Match komm an huet vun Ufank u ganz gudde Basket gewisen. No 10 Minutte louch de T71 mat 26:19 am Avantage. Déi zweet 10 Minutte waren e bëssen méi ausgeglach a sou geet den 2. Quarter mat 21:19 fir Diddeleng op en Enn. 9 Punkten Avantage fir Diddeleng an der Paus. Op Diddelenger Säit war de Devon Dority mat 16 Punkten an der 1. Hallschent Topscorer.

Am 3. Quarter huet den T71 dunn d'Heft an d'Hand geholl a konnt dësen ënnert dem Impuls vum ganz gutt opgeluechten Dority a Schumacher mat 24:18 fir sech entscheeden. Am leschte Véierel huet de Racing nach emol alles versicht, ma déi Diddelenger hunn hire Virsprong net méi aus der Hand ginn. No 40 Minutte ka sech den T71 mat 90:76 um Lampertsbierg duerchsetzen.

Dammen-Basket

Gréngewald - T71 Diddeleng 86:50 (44:21)

Amicale Steesel - Telstar Hesper 64:63 (37:30)

Am Tabellekeller war Hesper zu Steesel op Besuch. Steesel ass bësse besser an de Match komm an huet deen éischte Véierel 22:15 fir sech entscheet. Den Zweete war relativ ausgeglach, sou dass Steesel n der Halschent mat 37:30 a Féierung loung.

No der Paus ass d'Lokalekipp besser aus der Kabinn komm a konnt den 3. Véierel mat 21:10 fir sech entscheeden. Am leschte Quarter ass Walfer e 15:0-Laf gelongen, sou dass d'Spectateuren eng ganz spannend Schlussphas gebueden kruten.  D'Steeseler Damme krute sech awer nach eng Kéier gerappt a konnten hire Virsprong esou just iwwert d'Zäit bréngen. D'Amicale kann sech mat 1 Punkt Virsprong mat 64:63 géint eng kämpferesch a gutt Ekipp vun Hesper duerchsetzen.

Résidence Walfer - Etzella Ettelbréck 71:84 (34:46)

An deenen éischte Minutte konnt Walfer de Match nach ausgeglach gestalten, ma an der Suite huet Ettelbréck den Tempo forcéiert a louch no 10 Minutte 23:11 zu Walfer vir. Duerno ass d'Lokalekipp awer vill besser an de Match komm a konnt d'Partie ausgeglache gestalten. De Réckstand aus dem 1. Véierel konnt awer net verkierzt ginn. 34:46 louch Walfer no 20 Minutte am Réckstand.

Och am 3. Véierel hu sech béid Ekippen näischt geschenkt, sou si déi drëtt 10 Minutten 23:24 aus Siicht vun Walfer ausgaangen sinn. D'Résidence konnt och am leschte Véierel de Retard aus dem 1. Quarter net méi ophuelen, sou dass Walfer mat 71:84 de Kierzeren zitt.

AB Contern - Musel Pikes 62:70 (28:28)

Damme-Basket: Sparta Bartreng iwwerrascht de Basket Esch
D'Sparta huet sech um 7. Spilldag beim Leader iwwerraschent mat 75:68 duerchgesat.

War am 1. Véierel nach d'Musel Pikes déi besser Ekipp, duerno ass d'Lokalekipp vu Conter besser an de Match komm. An der Halschent stoung et 28:28.

Och am 3. Quarter hu sech béid Ekippen näischt geschenkt an et ass bis zum Schluss spannend bliwwen. An de leschte Minutte waren d'Gäscht vun der Musel déi méi sprëtzeg Ekipp, sou dass si dëse Véierel däitlech mat 23:13 fir sech entscheet hunn. No 40 Minutte kënnen d'Miseler Damme sech mat 70:62 zu Conter behaapten.

Den Iwwerbléck vun der Nationale II