Vum 24. bis de 26. Januar ass an der Coque um Kierchbierg déi 22. Editioun vum Euro Meet.

2017 hat d'Sarah Sjöström beim Euro Meet d'Meet-Rekorder iwwer 50 an 100 Meter Crawl a Papillon verbessert. 2018 war si eng nei Beschtzäit iwwer 100 Meter Papillon geschwommen. 2020 hëlt d'Schwedin den Euro Meet als Optakt an d'olympescht Joer.

D'Weltschwëmmerin vum Joer 2017 hält aktuell d'Weltrekorder iwwer 50 Meter Papillon, 50 Meter Crawl an 100 Meter Crawl.

2019 hat d'Schwedin bei der WM zu Gwangju fënnef Medaile gewonnen.