Am Äishockey konnt sech den Tornado um 9. Spilldag an der drëtter Divisioun a Frankräich mat 7-1 bei Compiègne duerchsetzen.

D'Lëtzebuerger bleiwen op der 5. Plaz an der Tabell.

D'nächst Woch ass dann nach dee leschten Match, nees auswäerts, fir dëst Joer.