10 Lëtzebuerger Tireure beim RIAC mat dobäi

De RIAC ass DEN internationale Schéisstournoi mat Loftdrockwaffen hei zu Lëtzebuerg.
All Joer ass dee Rendezvous ufanks Dezember. 10 Lëtzebuerger Schéisssportler kënne sech mat staarker Konkurrenz aus dem Ausland moossen.
Dat beschte Resultat geet op de Kont vum Sylvie Schmit. Um leschten Dag war et mat der Loftpistoul bei den Dammen d'Finall an um Enn eng 8. Plaz. Fir d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Schéisssportfederatioun Claudia Dall'Agnol ass de Riac extrem wichteg. Am Ganze ware 226 Participanten aus 12 ënnerschiddlechen Natiounen dobäi.
An och fir hir Tireuren ass et eng gutt Méiglechkeet, fir ze kucken, wou ee par rapport zu der auslännescher Konkurrenz steet.
Claudia Dall'Agnol:"(...) well Leit do sinn, déi net d'Méiglechkeet hunn, an d'Ausland ze goen."
Ouni Benevolle wär esou en internationalen Tournoi natierlech net méiglech, betount d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Schéisssportfederatioun: "D'Leit musse sech Congé huelen, well de RIAC an der Woch ass."
Bei der Lëtzebuerger Schéisssportfederatioun ass ee sech awer och bewosst, datt een a puncto Nowuess eppes muss maachen.