Jans gewënnt mat Paderborn géint Frankfurt, Chelsea klappt Tottenham

© AFP (ARCHIV)
Den Tabelleleschte an der Premier League Watford huet ManU mat 2:0 geklappt. Düsseldorf huet 2:1 géint Union gewonnen.
Bundesliga
Paderborn - Eintracht Frankfurt 2:1
1:0 Sabiri (9'), 2:0 Schonlau (41'), 2:1 Dost (72')
Paderborn, bei deenen de Laurent Jans iwwer 90. Minutten um Terrain stoung, huet senge d'Spectateuren eng ganz gutt 1. Hallschent gebueden. Sou war et de Sabiri, deen no 9. Minutten de Score op 1:0 fir d'Lokalekipp gesat huet. Kuerz virun der Paus huet de Schonlau no Virlag vum Pröger no engem Fräistouss den 2:0 geschoss. Vu Frankfurt ass allgemeng ze wéineg komm, och wann een der Ekipp vum Adi Hütter kämpferesch kee Virworf ka maachen. Nom Téi huet Frankfurt lues awer sécher ëmmer méi Drock ausgeüübt. Den Hollänner Dost huet an der 72. Minutt de verdéngten Uschlossgol geschoss. D'Hessen hunn alles no vir geworf, ma Paderborn huet seng 3. Victoire an dëser Saison konnte feieren.
Düsseldorf - Union Berlin 2:1
1:0 Hennings (38'), 1:1 Parensen (48'), 2:1 Thommy (90')
D'Lokalekipp war an der 1. Hallschent déi besser a méi aktiv Ekipp, a sou konnte sech d'Spiller vum Friedhelm Funkel an der 38. Minutt belounen. De Rouwen Hennings huet vun der Strofraumgrenz mat engem Distanzschoss säin 11. Gol an dëser Saison geschoss. Mat 1:0 ass d'Fortuna an d'Paus gaangen.
Nom Téi huet Union Berlin aus hirem Ballbesëtz méi gemaach, a sou war et an der 48. Minutt de Parensen, deen den Ausgläich fir d'Berliner geschoss huet. An der Schlussphas waren et d'Gäscht. déi de Wee no vir gesicht hunn, ma sollt hinnen den entscheedende Gol net geléngen. An esou war et den agewiesselten Thommy, dee mat engem Sonndesschoss den 2:1 fir d'Lokalekipp geschoss huet. Dëst sollt dann och d'Schlussresultat sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Watford - Manchester United 2:0
1:0 Sarr (50'), 2:0 Deeney (54')
Manchester United war e Sonndeg de Mëtteg beim Tabelleleschten op Besuch. D'Lokalekipp stoung ganz déif, sou dass d'Gäscht sech schwéier gedoen hunn, gutt Chancen eraus ze spillen. No enger 1. Hallschent ouni grouss Héichpunkter ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel ass et direkt helle ewech gaangen. No enger Flank vum Hughes huet den Doucouré de Ball weider op de Sarr geluecht, dee mat engem Volleyschoss den 1:0 fir d'Lokalekipp markéiere konnt. Den De Gea am Gol vu Manchester United huet bei dësem Schoss awer alles anescht wéi gutt ausgesinn, an huet de Ball duerch seng Hänn rutsche gelooss. 4 Minutte méi spéit krut Watford no engem Foul vum Wan-Bissaka um Sarr een Eelefmeter, deen de Deeney äiskal verwandelt huet. ManU, bei deenen de Pogba säi Comeback ginn huet, huet wuel alles probéiert, ma sollt den Uschlossgol net méi schéissen, sou dass Watford dëse Match mat 2:0 gewanne konnt.
Tottenham - Chelsea 0:2
0:1 Willian (12'), 0:2 Willian (45+4')
De José Mourinho ass mat sengem neie Veräin Tottenham op säin Ex-Club Chelsea getraff. Tottenham huet an der 1. Hallschent op ganzer Linn enttäuscht an ass nëmme seelen zu gudde Chancë komm. Chelsea huet méi investéiert an duerch de Willian zwee Mol äiskal zougeschloen. An der 12. Minutt huet de Brasilianer no engem Corner getraff. An der Nospillzäit koum et no engem Foul vum Gazzangia um Alonso zum Eelefmeter fir Chelsea. An sou war et op en neits de Willian, deen de Gol fir Chelsea geschoss huet. Och an der 2. Hallschent war et d'Ekipp vum Frank Lampard, déi de Match am Grëff hat. Zu allem Iwwerfloss krut Tottenham an der 62. Minutt duerch de Son och nach eng Rout Kaart. Chelsea huet d'Resultat iwwer d'Zäit bruecht an de Match mat 2:0 gewonnen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Atalanta - AC Mailand 5:0
1:0 Gomez (10'), 2:0 Pašalić (61'), 3:0 Iličić (63'), 4:0 Iličić (72'), 5:0 Muriel (84')
D'Spectateuren hu virun allem an der 1. Hallschent een ausgeglachene Match gesinn, bei deem d'Haushären duerch de Gomez an der 10. Minutt a Féierung gaange sinn. Rodriguez an Çalhanoğlu hate fir den AC Mailand nach virun der Paus Chancë fir den 1:1 ze schéissen, gefall ass en awer net. No der Paus war et dunn Atalanta Bergamo déi sech eng Partie Chancen eraus gespillt hunn an e Gol nom anere markéiere konnten. Mailand hat näischt ze radetten, sou dass den AC verdéngt mat 0:5 de Kierzere géint Atalanta gezunn huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Betis Sevilla - Atlético Madrid 1:2
0:1 Correa (58'), 0:2 Morata (84'), 1:2 Bartra (90+3')
Béid Ekippen haten an der 1. Hallschent Chancen, ma sollt kengem Spiller e Gol geléngen. No der Paus huet de Correa an der 58. Minutt vun engem Feeler an der Defense vu Sevilla profitéiert an esou den 1:0 fir d'Gäscht geschoss. Betis huet alles no vir geworf an hat duerch Bartra a Canales 2 gutt Chancen de Ausgläich ze markéieren. De Morata huet an der 84. Minutt fir d'Virentscheedung gesuergt. De Uschlossgol vum Bartra an der 3. Minutt vun der Nospillzäit ass ze spéit komm, sou dass Betis doheem mat 1:2 géint Atlético Madrid verléiert.