Jans a Saibene feiere Victoirë mat Paderborn an Ingolstadt

© RTL (ARCHIV)
De Laurent Jans huet mat Paderborn eng 2:1-Victoire géint Eintracht Frankfurt gefeiert. Ingolstadt iwwerrennt Jena mat 5:1.
Sonndeg
De Laurent Jans stoung iwwer 90. Minutten um Terrain an huet bei der 2:1-Victoire vu Paderborn géint Frankfurt ee gudde Match gespillt. Paderborn huet an de leschte Minutte wuel ëm d'Victoire missen zidderen, ma hu si et awer gepackt. D'Ekipp vum Laurent Jans ass wuel nach ëmmer Tabelleleschten, läit de Réckstand op d'Relegatiounssplaz 16 awer nëmmen nach bei 3 Punkten.
Ingolstadt huet mam Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene an der 3. Liga an Däitschland e Sonndeg de Mëtteg 5:1 géint Jena gewonnen. No dëser Victoire läit Ingolstadt nëmmen nach 2 Punkten hannert dem Tabelleleader Duisburg.
Samschdeg
Virton war um Samschdeg den Owend zu Gaascht bei Oud-Heverlee Leuven. 2:0 fir Virton stoung et no 90. Minutten. Mam Anthony Moris, Kevin Malget an Aurelien Joachim stounge bei Virton 3 Lëtzebuerger vun Ufank un um Terrain. An der 66. Minutt huet de Joachim de 1:0 fir seng Faarwe markéiert. Direkt no sengem Gol zum 1:0 fir Virton gouf de Lëtzebuerger duerch den Dave Turpel ausgewiesselt. An der 5. Minutt vun der Nospillzäit war et dunn och den Turpel, dee mam 2:0 fir d'Schlussresultat gesuergt huet. De Kevin Malget krut iwwerdeems an der 64. Minutt eng giel Kaart. De Yannick Schaus koum net an den Asaz.
An der Bundesliga huet Mainz e Samschdeg mat 0:1 géint Leverkusen verluer. De Leandro Barreiro huet de ganze Match missen nokucken.
Lille ass mam Lëtzebuerger President Gérard Lopez iwwerdeems a Frankräich mat 1:5 zu Monaco ënnert d'Rieder komm.
An der 3. Liga an Däitschland stoung um Samschdeg de Mëtteg den 20. Spilldag um Programm. De Maurice Deville konnt sech mat Mannheim an engem flotten an zum Schluss ganz spannende Match mat 4:3 duerchsetzen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet an der 53. Minutt de tëschenzäitlechen 3:3 Ausgläich geschoss. No 80 Minutten war säin Aarbechtsdag dunn eriwwer. De Maurice Deville gouf fir den Korte ausgewiesselt.
Op Zypern war de Vahid Selimovic fir seng Ekipp Apollon Limassol am Asaz. Beim Stand vu 0:0 gouf de Match wéinst schlechte Siichtverhältnisser allerdéngs ofgebrach.
Freideg
An der Eerste Divisie an Holland hat Maastricht mam Enes Mahmutovic keng Problemer géint Helmond. No 90 Minutten huet ee sech kloer mat 4:1 duerchgesat. De Mahmutovic stoung de komplette Match um Terrain.
An der 2. Bundesliga an Däitschland souz den Dirk Carlson bei der Néierlag vu Karlsruhe déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet virun den eegene Spectateure mat 0:1 géint Wehen Wiesbanden de Kierzere gezunn.
An der Ligue 2 a Frankräich stoung de Vincent Thill net am Kader vum US Orléans. Orléans huet de Match mat 1:0 géint Sochaux gewonnen. Trotz den 3 Punkte bleift een an der Tabell op der leschter Plaz.