Op déi 2. Plaz ass d'Mikaela Shiffrin aus den USA virum Katharina Liensberger aus Éisträich komm.

Zu Zagreb a Kroatien ass e Samschdeg bei den Dammen de 4. Slalom vun der Saison gefuer ginn.

Am 1. Duerchgang huet et d'Petra Vlhova aus der Slowakei mat enger Zäit vu 57.25 Sekonnen op déi 1. Plaz gepackt. Zweet ass d'Favoritin Mikaela Shiffrin aus den USA virum Wendy Holdener aus der Schwäiz ginn.

Och am 2. Duerchgang huet d'Petra Vlhova net vill ubrenne gelooss. Mat engem Visrpong vun 1.31 Sekonnen stoung zum Schluss eng kloer 1. Plaz virum Mikaela Shiffrin an dem Katharina Liensberger, dat mat engem Retard vun 3.49 Sekonnen Drëtt ginn ass.