SchwammenRussesch a belarussesch Athleeten dierfen nees bei internationale Competitiounen ënnert hirem Fändel untrieden

Joel Detaille
Dat huet de Weltverband "World Aquatics" decidéiert.
© KEMPINAIRE STEPHANE/KMSP via AFP

Aus dem Schwammen ass et d’Confirmatioun, dass russesch a belarussesch Athleeten nees bei internationale Competitiounen däerfe starten. Dat huet de Weltverband “World Aquatics” decidéiert. Hir Fändelen, hir Nationalhymnen an och national Symboler op der Kleedung wieren nees zougelooss.

Nom russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, hu Sportler aus Russland a Belarus an den allermeeschte Sportaarten guer net, oder op d’mannst net méi ënnert nationalem Fändel däerfe starten.

A ville Jugendberäicher gouf dat schonn nees annuléiert. Bei de Senioren ass et weider esou, dass ee just ënnert neutralem Fändel ka starten, beispillsweis am Tennis.

Back to Top
CIM LOGO