Am Tennis sollt d’Mandy Minella um Mëttwoch de Moien am éischten Tour vun der Qualifikatioun bei den Australian Open spillen.

Géignerin ass d’Franséisin Jessica Ponchet. Mä d’Matcher goufen all entweder ënnerbrach, oder op e spéideren Zäitpunkt verréckelt. Nieft der schlechter Loft huet och nach Reen fir dës Ënnerbriechunge gesuergt.

D'Loft zu Melbourne ass wéinst de Bëschbränn net gutt. D'Matcher hunn 3 Stonne méi spéit ugefaangen. D'Qualitéit vun der Loft soll permanent kontrolléiert ginn, versécheren d'Organisateure vum Tournoi. Duerch de Reen, hofft een op Entlaaschtung, ma dee Reen bréngt natierlech och nees aner organisatoresch Problemer mat sech.