D'Anne Simon, déi fréier Spillerin vum Gréngewald, huet nees an Amerika getrompt.

Am Match vun der University of Main géint Binghampton huet d'Lëtzebuergerin mat 28 Punkten eng nei perséinlech Beschtleeschtung opgestallt a war donieft och nach Top-Scorer vum Match. Mat 11 Rebounds an dëser Partie huet d'Anne Simon och säi éischten Double-double am "College Basketball" realiséiert.

De Match hunn University of Main allerdéngs mat 63-73 géint Binghampton verluer.