En Dënschdeg den Owend huet den T71 Diddeleng offiziell matgedeelt, dass si mam Ken Diederich an Andrea Haris fir ee Joer verlängeren.

De Ken Diederich huet et mat der Hären-Ekipp op déi drëtte Plaz gepackt, domat huet ee sech dann och fir de Playoff qualifizéiert.

Och d'Andrea Haris, déi d'Dammen-Ekipp trainéiert, huet gutt Aarbecht geleescht an et mat hirer jonker Ekipp an d'Playoffs gepackt.