Schisprangen
Piotr Zyla setzt sech duerch, Kraft bleift un der Spëtzt

Zu Tauplitz/Bad Mitterndorf an Éisträich waren et um Enn 0,3 Punkten, déi dem Pol d'Victoire geséchert haten.
Beim éischte Schifléie vun der Saison an Éisträich konnt sech de Zyla mat 418,5 Punkten d'Victoire sécheren, dëst well de jonken Timi Zajc mat nëmme 0,3 Punkten op déi zweete Plaz koum war. Och beim Duell ëm déi drëtte Plaz um Podium war et ganz enk. Um Enn hat hei de Lokalmatador Stefan Kraft 0,1 Punkt méi um Kont ewéi de Karl Geiger, dee soumat de Podium verpasst hat.
Am General bleift de Kraft mat 1173 Punkten un der Spëtzt, Zweeten ass hei de Karl Geiger.
Am meeschte gelies