Den Norweger wënnt zu Antholz virum Quentin Maillet an dem Emilien Jacquelin aus Frankräich a séchert sech domat seng éischt Eenzel-Goldmedail.

Bei den Hären huet sech beim Massestart zu Antholz an Italien de Johannes Thingnes Boe kee Feeler beim Schéissen erlaabt a sech domat souverän géint d'Konkurrenz duerchgesat.

Mat engem Virsprong vun 42.20 Sekonnen op den Zweeten, Quentin Maillet aus Frankräich, ass den Norweger als éischt an d'Zil komm. Op déi drëtt Plaz ass knapps hannendrun de Fransous Emilien Jacquelin gefuer. De Favorit Martin Fourcade ass mat engem Retard vun 1:13.10 op déi 7. Plaz komm.

Bei den Dammen huet sech e Sonndeg de Moien d'Marte Olsbu Roeiseland duerchgesat a sech domat de Weltmeeschtertitel geséchert. Mat 39 Minutten a 14 Sekonne konnt si de Parcours vun 12,5 Kilometer hannert sech bréngen.

Op d'Plazen 2 an 3 zu Antholz sinn d'Dorothea Wierer an d'Hanna Öberg gelaf. D'Wierer ass nom 4. Schéisse als éischt Athletin an d'Schlussronn gaangen. Am Ganzen huet si 3 Mol missten an d'Strofronn, deemno eemol méi, wéi d'Roeiseland. Doduerch hat dëst um Schluss déi besser Ausgangspositioun a konnt sech eng Avance vun iwwer 20 Sekonnen erausfueren. Domadder huet d'Norwegerin eng drëtten Goldmedaille dëst Joer vun der Lokalmatadorin verhënnert.