E Sonndeg stoung zu Krakau a Polen mam Cavaliada Krakow den éischten Turnéier vun der Saison um Programm.

D'Victoire feiert de Krzysztof Ludwiczak aus Polen um Cros Bluew virum Wojciech Wojcianiec um Chintablue.
De Marcel Ewen kënnt hannendrun op déi 3. Plaz um Chimaira PJ. De Lëtzebuerger war am éischten Tour als 1 vu 45 Participanten am Stiechen.

3. Plaz fir de Marcel Ewen zu Krakau
E Sonndeg stoung zu Krakau a Polen mam Cavaliada Krakow den éischten Turnéier vun der Saison um Programm.

Den Turnéier zu Krakau zielt als Qualifikatioun fir de Weltcup am Sprangreiden.
Och d'Charlotte Bettendorf, wat dëse Weekend zu Vejer de la Frontera a Spuenien ënnerwee war, konnt sech bei insgesamt 71 Reider beim CSI*** Longines Ranking Sprangen (1.45m) mam Raia d'Helby op där 2. Plaz placéieren.