
Den 33 Joer jonken Däitschen huet eng Uefa-A-Lizenz an huet fir d’lescht d’Union Mäertert-Waasserbëlleg trainéiert. D’Jeunesse schreift op Facebook, dass de Weiss perfekt géing passen, hie wier jonk an hongreg.
D’Ekipp vun der Grenz hat jo eréischt viru kuerzem annoncéiert, dass ee sech vum Noël Tosi als Trainer trennt.