Basketball-ChampionnatEttelbréck klappt d'Fiels a geet als Éischten an d'Playoffs

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf bei den Hären de leschte Spilldag vun der regulärer Saison gespillt.
D’Véirelsfinalle bei den Häre stinn elo fest
© Emile Mentz (Archiv)

Nodeems d’Sparta Bartreng um Freideg den Owend zu Diddeleng verluer hat, hunn d’Arantia Fiels an d’Ettelbrécker Etzella um Samschdeg um déi éischte Plaz an der Tabell gestridden. Um Enn wannen d’Gäscht mat 100:90 a stinn op Plaz 1 well si am direkte Vergläich vun den dräi punktgläichen Ekippen un der Spëtzt am beschten ofgeschnidden hunn.
D’Fiels fält op déi drëtte Plaz zeréck.

Déi zwee Coupe-Finalisten hunn sech näischt geschenkt, Ettelbréck konnt sech an engem intensive Match zimmlech fréi e klenge Virsprong erspillen an huet dësen net méi ofginn, obwuel d’Fiels e puer mol geféierlech no erukomm ass. Den Adrian Delph hat um Enn 32 Punkten um Kont. De Racing Lëtzebuerg setzt sech a leschter Sekonn mat 96:94 géint den AB Conter duerch. Den Antunio Bivins konnt net nëmmen 46 Punkte markéieren, mee stoung och zum Schluss richteg fir de Ball am offensive Rebound per buzzer beater duerch d’Netz ze gehäien wouduerch d’Lokalekipp konnt jubelen an wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig sammele konnt. D’Amicale Steesel an de Basket Esch treffen an der Véierelsfinall openeen, dat war schonn virum direkten Duell gewosst.

D’Amicale Steesel setzt sech mat 64:60 duerch an huet sech domat den Heemvirdeel fir d’Véierelsfinall geséchert. Den Ahston Sherrell koum op 24 Punkten. D’Résidence Walfer setzt sech auswäerts mat 95:86 géint Mamer duerch. De John Slajchert war op en Neits mat 35 Punkten net ze stoppen, 17 Punkten huet den Nationalspiller Oliver Vujakovic zur Victoire bäigesteiert.

D’Musel Pikes wannen en enke Match mat 80:79 géint d’Kordall Steelers. D’Gäscht haten mat der leschter Aktioun d’Méiglechkeet d’Partie ze wannen, hunn doraus allerdéngs näischt gemaach. Bei der Lokalekipp huet den Jaylen Key 23 Punkten markéiert.

D’Matcher an de Playoffs (Véierelsfinallen)

Etzella Ettelbréck - Kordall Steelers
Sparta Bartreng - Résidence Walfer
Arantia Fiels - T71 Diddeleng
Amicale Steesel - Basket Esch

Hären


Dammen

De Basket Esch séchert sech mat enger 90:76 Victoire géint Wolz déi véierte Plaz an der Tabell a qualifizéiert sech domat fir d’Halleffinall wou d’Ekipp op de Leader T71 Diddeleng trefft. Eng staark Ekippeleeschtung huet Esch genotzt fir déi wichteg Victoire ze feieren, fënnef Spillerinnen hunn zweestelleg getraff, d’Jovana Jaksic hat um Enn 23 Punkten um perséinleche Kont.

An der zweeter Halleffinall stinn sech d’Sparta Bartreng an den AB Conter ab nächster Woch géintiwwer. Béid Ekippen hunn och um Samschdeg géintenee gespillt, mat dem besseren Enn fir d’Sparta. D’Lokalekipp wënnt mat 76:64, dat ënner dem Impuls vum Jordan King (25 Punkten), ënnerstëtzt vum Lena Mersch (14).

D’Amicale Steesel setzt sech mat 81:66 géint d’Musel Pikes duerch. Allerdéngs verpasst Steesel trotz der Victoire de Sprong an d’Halleffinall. D’Julie Mangen war mat 21 Punkten déi beschte Spillerin bei der Lokalekipp.

Back to Top
CIM LOGO