Lëtzebuerger Futtballer am AuslandEldin Dzogovic gewënnt mat Magedburg géint Bochum

RTL Lëtzebuerg
An der 3. Liga an Däitschland kommen de Vincent Thill an de Luc Holtz net iwwert een 1:1-Remis géint 1860 München eraus.
Eldin Dzogovic am Trikot vum FCM
Eldin Dzogovic am Trikot vum FCM
© AFP

An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Magdeburg eng wichteg Victoire géint Bochum am Kampf em de Verbleif an der 2. Bundesliga gefeiert. D’Ekipp vum FCM-Trainer Petrik Sander huet eng fulminant éischt Hallschent gespillt a louch an der Paus mat 2:0 a Féierung. Bochum huet wuel den Uschloss duerch den Hofmann an der 56. Minutt geschoss, zu méi sollt et awer net duergoen. D’Lokalekipp huet mat 2 weidere Goler duerch den Zukowski den Deckel drop gemaach. An der 88. Minutt ass de Lëtzebuerger Eldin Dzogovic, deen déi lescht 2 Matcher net am Kader vu Magdeburg stoung, fir de Bockhorn agewiesselt ginn.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der 3. Liga an Däitschland war Waldhof Mannheim mam Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz op Besuch beim TSV 1860 München. Nodeems Mannheim an der 27. Minutt duerch den Bierschenk a Féierung gaangen ass, konnt den Haugen an der 86. Minutt de Match fir d’Lokalekipp nach ausgläichen. De Match sollt dann och mam 1:1 op en Enn goen. De Luc Holtz huet de Vincent Thill an der 60. Minutt fir den Asallari agewiesselt. An der Nospillzäit hat de Vincent Thill nach eng gutt Chance de Match mat engem Lucky Punch ze entscheeden, säi Schoss aus 16 Meter sollt den Dähne am awer paréieren. Mannheim steet mat 46 Punkten weider am Mëttelfeld vun der Tabell, iwwerdeems bei 1860 nom drëtte Remis um Stéck d’Hoffnungen op den Opstig lues awer sécher verluere geet.

An der zweeter Liga an der Belsch, der Challenger Pro League, feiert Beveren, déi jo schonn als Opsteiger fest stinn, eng weider fulminant Victoire. D’Ekipp vum Kapitän Laurent Jans gewënnt auswäerts bei der zweeter Ekipp vum RSC Anderlecht mat 5:0. De Laurent Jans stoung wéi gewinnt vun Ufank un um Terrain a gouf an der 63. Minutt beim Stand vu 5:0 ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO