Wéinst Karfreideg gouf an der Bundesliga e Freideg net gespillt, deemno war et e Samschdeg de Mëtteg den Optakt vum 28. Spilldag. Laang huet et dono ausgesi wéi wa Freiburg kéint d’Iwwerraschung géint Bayern geléngen, ma um Enn muss ee sech awer mat 2:3 geschloe ginn. Leipzig klappt Bremen an Hamburg spillt 1:1 géint Augsburg. Gladbach an Heidenheim trenne sech 2:2. Hoffenheim muss sech ma 1:2 géint Mainz geschloe ginn.
An England gufen de Weekend d’Matcher am FA Cup gespillt. Hei konnt sech ënnert anerem Manchester City géint Liverpool duerchsetzen.
Am Owesmatch vun der Bundesliga krut et um 18h30 de VFB Stuttgart mat Borussia Dortmund ze dinn an zitt sengersäits mat 0:2 de Kierzeren. Stuttgart war déi kloer dominant Ekipp, virun allem an deenen éischte 45 Minutte war d’Lokalekipp dominant, am leschten Drëttel huet awer d’Präzisioun an d’Effizienz gefeelt. Am zweeten Duerchgang sollt et op béide Säite méi roueg hiergoen, sou dass villes op een 0:0 higedeit huet. AN der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet den Adeyemi aus dem Näischt d’Féierung fir déi Schwaarz-Giel markéiert. Kuerz dorop sollt et fir Stuttgart nach méi déck kommen. De Brandt huet mam 2:0 den Deckel drop gemaach. Stuttgart ass no dëser Néierlag just nach op der 4. Plaz an der Tabell a gouf vu Leipzig iwwerholl.
Bayern München huet op en Neits gewisen, dass ee si ni däerf ofschreiwen. D’Ekipp vum Vincent Kompany dréint en 0:2 Réckstand an eng 3:2-Victoire. Freiburg huet eng immens couragéis Leeschtung gewisen, an huet sech mat zwee flotte Goler duerch de Manzambi an den Höler an eng eigentlech gutt Positioun bruecht. No 71. Minutte louchen d’Breisgauer verdéngt mat 2:0 a Féierung. D’Münchener, déi ouni de verletzten Hary Kane ugetruede sinn, hunn an der Schlussphase alles no vir geworf an hunn nom Uschloss vum Bischof an der 81. Minutt hir zweet Loft fonnt. Freiburg ass zu dësem Zäitpunkt net méi aus dem eegene Strofraum eraus komm. Kimmich a Co. hunn et weider probéiert an dréinen de Match duerch dem Bischof (90+2') an dem Karl (90+9') hir Goler an der Nospillzäit. Eng batter Defaite fir Freiburg iwwerdeems den däitsche Meeschter mat Selbstbewosstsinn op Madrid wäert fueren, wou en Dënschdeg den Allersmatch an der Véierelsfinall an der Champions League géint Real gespillt gëtt.
Leverkusen dréint e geckege Match mat zwee ënnerschiddlechen Hallschenten a gewënnt um Enn verdéngt mat 6:3 géint Wolfsburg. De VFL, aktuell just op der 17. Plaz an der Tabell huet eng couragéiert éischt Hallschent gespillt a louch an der Paus net onverdéngt mat 3:2 a Féierung. An deenen zweete 45 Minutten huet ee vu Wolfsburg awer näischt méi gesinn, iwwerdeems sech Schick a Co. an e Rausch gespillt hunn a sech um Enn déi 3 Punkte sécheren.
Bremen verléiert am Weserstadion mat 1:2 géint Leipzig. D’Ekipp vum Daniel Thioune huet eng couragéis Leeschtung gewisen, mee huet am Leschten Drëttel d’Effizienz vermësse gelooss. Dat huet RB kënnen ausnotzen a gewënnt duerch Goler vum Nusa a Romulo mat 2:1. Den Uschloss vum Bremer Musah an der Nospillzäit ass ze spéit komm. Leipzig steet op der 4. Plaz an der Tabell a ënnermauert seng Uspréch op d’Champions League.
Kee Gewënner gëtt et tëscht Gladbach a Heidenheim. D’Gäscht hu laang un der Iwwerraschung geschnuppert, musse sech um Enn awer mam 2:2 zefridde ginn a bleiwen domat ofgeschloen op der leschter Plaz an der Tabell. E Gläichspill gouf et och tëscht dem HSV an Augsburg. Mat engem 1:1 gi béid Ekippen an den Ouschterweekend.
Mainz ënnermauert seng gutt Form a gewënnt mat 2:1 zu Sinsheim bei der TSG Hoffenheim. De Mann vum Dag war den Phillip Tietz, dee mat sengen zwee Goler de Match fir d’Gäscht entscheede konnt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.